De Phishing ass eng Form vu Bedruch déi iwwert Mail oder Pop Up um Internet funktionéiert. D'Ziel vun där Aktioun ass fir un d'Nummere vun Ärer Kreditkaart, Passwierder oder Kontosnummeren ze kommen.
Wéi funktionéiert de Phishing?
De Bedruch funktionéiert iwwert dee Wee datt eng E-Mail oder eng Säit vun enger Entreprise (Bank, Institutiounen, Online Shopen...etc) déi gutt ugesinn ass imitéiert gëtt.
Dës Message gesi genau sou aus wéi eng normal Mail oder Internetsäit. Vun der Entête bis zu Enn vum Message, alles ass perfekt kopéiert - just, de Message kënnt net vun dem vu wou e soll kommen!
Wéi schützt ee sech géint Phishing?
D'Post freet ni fir Äre Login oder Passwuert matzedeelen. Also, wann Dir perséinlech Donnéeë an enger Mail gefrot gitt, de Message läschen oder déi Pop Up Fënster direkt nees zoumaachen.
Bei dem geréngsten Zweiwel, besser de Message direkt läschen.
Verséchert Iech datt déi Websäit eng sécher https Connectioun gebraucht.
Kuckt regelméisseg Är Bank- a Kreditkaartenauszich no.
Beispiller vu Phishing

An dëser E-Mail gitt Dir gefrot fir Ären E-Mail-Adress nei ze aktivéieren. Opgepasst: den Expediteur a seng Adress si keng Garantie datt se och authentesch ass. Wann Dir op „Click to Update" klickt, gitt Dir op eng Säit dirigéiert déi zwar wéi de P&T Webmail ausgesäit - et awer net ass!

Obwuel dës Säit grafesch wéi de Webmail vun der Post ausgesäit, muss Dir op d'Internet-Adress uewen oppassen! Déi Adress, wéi d'Bild et weist, ass keng Adress vun dem Webmail vun der Post mä ganz kloer e Bedruch. D'Adresse vum Webmail vun der Post sinn ëmmer http://webmail.pt.lu oder https://webmail.pt.lu.