De LuxFibre ass do

Profitéiert vun der LuxFibre Offre...

Glasfaser – Technologie vu Muer

D’Fiber ass e ganz renge Fuedem deen d’Luucht iwwert grouss Distanzen ewech transportéiere kann. Dës Technologie ass d’Basis fir all Reseau deen en extrem héichen Debit un Donneeë brauch, wéi zum Beispill d’Tële, den Telefon an den Internet.

LuxFibre - Bis zu 100 Mbit/s

All d’Praisser sinn TTC, d’Geschwindegkeet an d’Unzuel vun der Televisiounen hänkten vun den techneschen Disponibilitéiten vum Reseau of.
Alles wat iwwert de Standard-Volume geet gëtt mat 0,1 € TTC pro zousätzlechem MByte verreschent.

D’Avantagen
•En ultra séieren Internetuschloss mat enger Garantie datt souwuel am Downstream wéi och am Upstream Är Fotoen a Fichieren méi séier verschéckt oder erofgeluede kënne ginn.

•De ganze Stot kann iwwert eng eenzeg Connectioun zu gläicher Zäit d’Tële kucken, telefonéieren oder um Internet surfen.

•Bis zu 6 verschidden Televisiounen déi mat der Optioun HD vun der Tële vun der Post équipéiert sinn kënnen ugeschloss ginn.

Gratis Functiounen
•Fixen Telefon mat Ärer aktueller Nummer oder mat enger neier Nummer.

Gratis Functiounen fir INTEGRAL-Clienten
•Illimitéierten Internet Volume

•Illimitéiert Telefonsgespréicher op Festnetznummere vun der Post

•Illimitéiert Telefonsgespréicher op LUXGSM-Nummeren vun 19h bis
8h moies an der Woch a 24h/24 de Week-End a während de Feierdeeg

•120 Minuten op international Festnetznummeren aus iwwert 40
verschiddenen Destinatiounen (Zone 1)

Installatiouns- an Aktivatiounskäschten

Fir d’Aktivatioun un de Service LuxFibre musst Dir en eemolege Montant vu 95.- Euro bezuelen
D’Installatioun vun interne Kabel hänkt vun der Zäit of déi gebraucht gëtt fir de Kabel ze changéieren.

Wat sinn d'Avantagen vum P&T HomeServer?

•Wifi n (bis zu 300 Mbit/s)
•4 Ethernet Uschlëss
•Compatibel fir LuxDSL a LuxFibre
•Compatibel fir d'Optioun HD vun der Tële vun der Post
•Einfach ze installéieren

Wat kascht de P&T HomeServer?

•0 Euro fir all nei Souscriptioun un d’Tële vun der Post
•89 Euro fir all nei Souscriptioun vu 24 Méint un de Service LuxFibre
•129 Euro fir all nei Souscriptioun vun 12 Méint un de Service LuxFibre