P&TLuxembourg - Déi nei Tële vun der Post
![]() |
|
| D’Tële vun der Post - Scho fir 19,99.- Euro de Mount (mat dem Decoder) Revolutionär Funktionalitéiten fir e super Präis - De Basis-Bouquet mat den 90 Senderen, den Tëlesprogramm, d'Media Center Funktioun an den Decoder Classic (ouni Hard-Disc), deen iwweregens liewenslänglech garantéiert ass, sinn nëmme fir 19,99.- Euro de Mount disponibel. - De Basis-Bouquet mam Decoder Comfort (d.h. mat engem Hard-Disc vun 320 GB mat deem een ophuele kann) kritt Dir scho fir nëmme 4.- Euro TTC de Mount méi. - All zousätzlechen Decoder kascht Iech och nëmme 5,5.- Euro de Mount fir den Decoder Classic an 9,5.- Euro de Mount fir den Decoder Comfort, méi. Ausserdem kënnt Dir mat LuxFibre bis zu 6 verschidden Decoderen installéieren. Déi Cliente déi schonn d'Tële vun der Post hunn, kënnen hiren alen Decoder halen oder en geschwënn géint en neien an den Teleboutiquen oder P&T/LUXGSM-Shop vun hirem Choix auswiësselen. Weider Konditiounen fannt Dir um Internet op tele.lu.
|
|
| D'Post op der Fréijoersfoire | |
| • Bei all Commande bis den 30te Juni vun der Tële vun der Post, kritt Dir 2 VOD-Filmer geschenkt! • Wann Dir tëscht dem 1te Mee an dem 30te Juni 2012 d'Tële vun der Post bestellt kritt Dir déi 2 éischt Méint Abonnement geschenkt. | |
| TVI Internacional | |
![]() |
Am Basis-Bouquet fannt Dir vun elo un och dee gréisste portugiesesche Sender "TVI Internacional". TVI Internacional ass deen 1. private Sender deen duerch d'ganz Welt diffuséiert gëtt. National an international News, d'Novelas an natierlech och de Sport wéi och nach eng sëllegen aner Inhalter. |
| De Programm 966 ass de Youtube... | |
![]() |
Entdeckt déi berühmte Youtube-Säit op Ärer Tële. Musik, Entertainment, Humour, Sport, an, an, an... Déi nei Tële vun der Post bréngt Iech déi beschten Internetvideoen op Äre Schierm. Youtube fannt Dir op dem Programm 966 vum Basis-Bouquet vun der "Tële vun der Post". |
| Maacht elo den Dispocheck...! | |
|
Tële vun der Post, ween et ausprobéiert bleift och dobäi. Eng sëllegen Offeren an eng Experienz déi een net méi vergësst. Kuckt elo ob Dir d'Tële vun der Post kënnt kréien! | |
![]() | |
| Den neien Decoder stellt sech vir... | |
![]() |
Profitéiert vun enger eemolger Bildqualitéit! Iwwert 90 Senderen an dovunner 13 am HD déi am Basis-Bouquet scho mat dra sinn. |
| Am HD disponibel Am Moment sin dës Chaînen am Basis Bouquet disponibel: |
|
A vun elo un nei an och am HD disponibel |
|
| A weider nach... | |
![]() |
Dir hutt eng Sendung op RTL vergiess ze kucken oder opzehuelen? Um RTL Replay sinn all d'Sendungen déi op RTL lafen zu all Moment disponibel. |
![]() |
50.000 verschidde Radios-Senderen aus alle Länner, wéi z.B. aus Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich, Däitschland, England an den USA. |
![]() |
Mat Ärem Decoder kënnt Dir iwwert Äre Wifi op Fotoen, Filmer, Videoën zeréckgräifen déi bei Iech um Reseau sinn ( Computer oder Tablet-PC). Ausserdem kann Ären Decoder och nach op Fichieren zeréckgräifen déi op engem USB-Stick oder op engem separaten Hard-Disk gespäichert sinn. |
![]() |
Einfach eng Paus maachen, zeréckspullen oder einfach nëmmen eng Emissioun op engem anere Sender ophuelen. Well den Decoder Comfort en Hard Disk huet ass et méiglech all déi Saachen doropper och ze stockéieren. Sou kënnt Dir eng Emissioun kucken während den Decoder eng Emissoun op engem anere Sender ophëllt. |
![]() |
De Kino bei Iech doheem mat iwwert 1000 Filmer a franséischer, däitscher Sprooch an natierlech och an der original Fassung! Mat der Optioun Video on Demand ass et natierlech och méiglech datt Dir déi neiste Filmer, doheem op Ärem Ecran direkt kucke kënnt. Dir kommt aus dem Staunen net méi eraus. |
| Weider Features ... |
|
|
Elektronesche Programmguide
Wat leeft wou a wéini? All d'Äntwerten op dës Froen kritt Dir iwwert den neien elektoneschen Programmguide. Natierlech ass et och méiglech fir direkt iwwert dësen "EPG" eng Sendung sou ze programméieren datt se opgeholl gëtt. Kannersécherung Sécher an einfach! Dir wëllt net datt Är Kanner verschidden Emissiounen a Filmer kucken. Mat der Kannersécherung si verschidde Programmer einfach je no dem Alter vun Äre Kanner blockéiert. Dat heescht Dir kënnt den Alter vun der Kannersécherung selwer definéieren. Sou gitt Dir z.B. un datt verschidde Programmer eréischt ab 12 Joer dierfe gekuckt ginn, den Decoder späert dann automatesch déi Sendungen déi fir Kanner ab 12 Joer net dierfe gekuckt ginn. Falls Dir nach Froen oder aner Informatiounen briicht da kënnt Dir Iech ronderëm d'Auer op: informéieren a bestellen. Hei kënnt Dir Iech d'Brochüre iwwert d'Tële vun der Post downloaden: Elo downloaden! |
|









