![]() |
|
Iwwerall am Land, egal ob Festnetz, GSM oder vun der Telefonskabinn aus, ass et elo méiglech ronderëm d’Auer zu gënschtegen Tariffer unzeruffen. D’Full Contact Card ass déi Kaart déi e « volle Service » ubidd, 24 Stonnen op 24 an egal wou Dir am Land sidd an dat en plus fir national wéi och international Kommunikatiounen. |
| Vun iwwerall aus telefonéieren ! Wéi de Numm et scho seet d’ « Full Contact Card » bitt e « Full Service » un deen a ganz Lëtzebuerg fonctionnéiert. Festnetz, Telefonskabinn oder GSM – dës Kaart mécht all Telefonsgespréich méi bëlleg ! |
| Praktesch an ekonomesch ! D’Full Contact Card kascht 5.- Euro oder 10 .- Euro a gëtt Iech d’Méiglechkeet fir 24 Stonnen op 24 zu gënschtegen Tariffer ze telefonéieren. Egal wou Dir sidd, keng extra Käschten ma nëmmen gutt Präisser ! |
| Einfach ze gebrauchen Et ass keng normal « SIM Kaart », d’Full Contact Card ass eng Rubbelkaart mat engem Code hannendrop. Fir unzeruffen braucht Dir just nëmmen den « 8002 8003 » unzeruffen, direkt dann de Code aginn an d’Rauttaste (#) ze drécken an uschléissend d’Nummer vun der Persoun déi Dir uruffe wëllt. De Montant vun der Kommunikatioun gëtt automatesch vun der Full Contact Card ofgezunn. Sou einfach wéi Bonjour ! |
| Iwwerall disponibel! D’Full Contact Card ass an all Postbüro, Points Telecom an Téléboutiquen , MPK –Shops an de meeschten Librairien a Benzinsstatiounen disponibel. Weider Detailer kritt Dir an den Téléboutiquen, op der gratis Nummer 8002 8004 an op http://www.pt.lu |
![]() |

