Western Union

Western Union: Dee séierste Wee fir Geld duerch d'Welt ze schécken.SM

Fiabel, sécher, séier an einfach: all Joer vertraue Millioune Leit Western Union fir Geld un hir Famill am Ausland ze schécken, fir séier ee Geschäft oofzeschléissen oder einfach enger Persoun am Ausland an der Nout ze hëllefen.

Western Union ass ee Réseau vun iwwert 170.000 Agencen an der Welt déi Iech d'Sécherheet ginn, dass d'Geld séier an integral bei där Persoun ukënnt, déi Dir désignéiert hutt.

Einfach a fir jiddereen: ee Formulär ausfëlle geet duer. Dir braucht kee Compte a keen Abonnement!

Wéi funktionéiert Western Union?
Geld verschécken

Frot am Guichet e Formulär vu Western Union "Pour envoyer de l'argent" a fëllt en den Instructiounen no aus
 
Gitt Ärem Western Union Agent de Formulär mat de Suen déi ze verschécke sinn
Äre Western Union Agent gëtt d'Informatiounen an de Computer an
Dir kritt vun Ärem Western Union Agent e Reçu an eng Nummer vun der Transactioun
Rufft Ären Destinataire un fir en ze informéieren dass Dir en Transfert mat Western Union gemaach hutt a gitt him d'Informatiounen déi e brauch fir d'Geld sichen ze goen

Geld geschéckt kréien
Frot am Guichet e Formulär vu Western Union "Pour recevoir de l'argent" a fëllt en den Instructiounen no aus, mam Numm vum Expéditeur an der Somme
Gitt Ärem Western Union Agent de Formulär mat Ärer Carte d'Identité oder Ärem Pass
Äre Western Union Agent gëtt Iech d'Suen an e Reçu

WESTERN UNION - Contact Tél: 8002 4040 Fax: 4088-7517