| easy déi éischt „prepaid“ VISAs-Kaart. Fir d'éischt rechargéieren an dann eréischt bezuelen. easy, ass déi VISAs-Kaart déi Iech d'Liewe méi einfach mecht. Huelt Iech se elo! |
D'Avantagen vun der easy VISAs-Kaart
![]() |
|
An all Postbüro oder Postshop kënnt Dir Är easy VISAs-Kaart recharchéiergen. Déi Leit déi net dës Méiglechkeet hunn kënnen datt iwwert de Virement vun engem CCP oder vun enger anerer Bank maachen. Den Iban steet hannen op der Kaart drop. Wann Dir en CCP hutt kënnt Dir nach zousätzlech Är Kaart bei all de Geldautomate vun der Post nees oplueden.
Natierlech ass d'Rechargéiren och iwwert de CCP Connect méiglech.
Einfach ze dechargéieren
Gitt op de Postbüro a loosst Iech rembourséieren. De Solde op Ärer Kaart kritt Dir op de Konto vun Ärem Choix iwwerwisen. Mat dem CCP Connect kënnt Dir Är Kaart souguer selwer dechargéieren.
Einfach ze kontrolléieren
De Solde an Är ganz Transaktiounen déi Dir mat der Kaart maacht kënnt Dir zu all Moment iwwerpréiwen, sief dat an engem Postbüro, an engem vun de sëlleche Geldautomate vun der Post.
Déi Leit déi e CCP hunn kënnen d'Kontroll iwwert de CCP Connect maachen.
Limiten vun der easy-Kaart
| A Butteker bezuelen | 1500.-€ pro Woch oder bis de chargéierte Montant erreecht ass |
| Ophiewen | 500.-€ oder bis de chargéierte Montant erreecht ass |
Fir d'easy VISAs-Kaart ze kréien braucht Dir just op de Postbüro ze goen. D'Kaart an all aner Donnéeë kritt Dir direkt, activéiert ass Är easy-Kaart den nächsten Schaffdag.
Weider Informatioune ginn op der gratis Telefonsnummer: 8002 4004 oder op www.pt.lu.
