CCP Tandem

CCP Tandem - déi aner Léisung fir 2

D'Post wees wéi wichteg et fir Iech ass fir Äre Familijebudget all Dag einfach an onkomplizéiert ze géréieren.

Dofir kënnt Dir Iech elo fir déi optimal Léisung vun der Post entscheeden - de CCP Tandem vun P&TLuxembourg

CCP Tandem ass e Gemeinschaftscompte, bei dem zwou Persounen déi selwescht Rechter an Obligatiounen hunn. Béid Partner kënnen déi alldeeglech Transaktiounen vun engem Haushaltscompte ausféieren wéi z.B.:

  • Virementer, Odres Permanents an Domiciliatiounen
  • mat Bancomat / Maestro bezuelen
  • op de Geldautomaten Suen ophiewen
  • Internetbanking mam CCP Connect

Fir Iech d'Gestioun vun Äere lafende Käschter nach méi einfach ze maachen, kritt Dir bei Ärem Compte zwou Postcheck-Kaarte (mat de Funktiounen Bancomat, Maestro a miniCASH) fir de Präis vun enger.


D'Virdeeler vum CCP Tandem  

  • Gratis: Arriichtung a Gestioun vun engem Compte fir 2 Persounen
  • Gratis: déi 2. Bancomat / Maestro Kaart
  • Gratis: Suen ophiewen a méi wéi 40 Geldautomaten vun der Post
  • Gratis: Virementer vun engem CCP Compte op en anere CCP Compte hei zu Lëtzzebuerg
  • Gratis: Är Ordres Permanents un eng Bank aus der EU
  • Gratis: alldeeglech Extraiten
  • Gratis: e-Banking mat CCP Connect
  • Séier: eng séier Executioun vun Ären Transaktiounen
  • Käschtentransparenz

Weider Informatiounen
Division des Services Financiers Postaux

L-2997 Luxembourg
Gratis Nummer: 8002 - 4334
http://www.pt.lu