CCP Connect: Den online Banking vun der Post

CCP Connect: Maacht Är Finanz Operatiounen online!

Maacht Iech d’Liewe méi einfach a geréiert Är Compten iwwert Internet! Mam CCP Connect, dem Internet-Banking vun der Post, kënnt Dir natierlech gratis a séier un all d’Donnéeë vun Äre Compte kommen egal wéini an och egal wou Dir sidd.

Mam CCP Connect sidd Dir zu all Moment um Courant iwwert den aktuelle Stand vun Äre Compten a kënnt och esou, direkt an online, Är Finanzoperatiounen maachen.



CCP Connect : Egal wou Dir sidd...

Ob elo vun doheem, um Büro oder op der Rees, ob PC oder Mac, näischt ass méi einfach fir Iech direkt un Är Compte ze connectéieren.

Direkt iwwert de Site vun der Post, www.pt.lu, fannt Dir den Accès op de CCP Connect an och an der Sprooch wou Dir wëllt ( franséisch, lëtzebuergesch, däitsch oder englesch).

CCP Connect : Eng sëlleche Funktionalitéiten

  1. Den Zoustand vun Äre Compte consultéieren an d'Detailer vun Ären Transactiounë kucken
  2. National an international Virementer effectuéieren, ouni repetitiv Saisie vun Äre regelméissege Virementer
  3. Virementer maachen mat engem gewënschten Datum wou se sollen effectuéiert ginn
  4. En Odre Permanent oder Domiciliatiounen geréieren.
  5. D’Mouvementer vun Ärem Compte kënnt Dir zu all Moment printen oder exportéieren
  6. Är Visa Operatiounen an den aktuelle Visa Stand consultéieren
  7. Är easy Visa kënnt Dir iwwert Äre CCP Connect och rechargéieren oder den aktuelle Stand just kucken
  8. E LuxTrust Certificat bestellen
  9. Är Prepaid TIPTOP GSM-Kaart rechargéieren
  10. An aller Confidentialitéit mat den CCP communiquéieren

CCP Connect : Sécher a confidentiel


Mam Certificat vu LuxTrust, deen en exzellente Sécherheetsniveau garantéiert, kënnt Dir Är Operatiounen an aller Rou maachen, ouni Iech Froen ëm d’Sëcherheet oder d’Confidentialitéit ze stellen.

Wann Dir nach weider Informatioune braucht, da rufft um Helpdesk um 8002 4334 un oder connectéiert Iech direkt op de CCP Connect op http://www.pt.lu