Track and Trace - Wou ass mäi Courrier drun?



Wat ass den Track and Trace?
Mat dem Service Track and Trace hutt Dir elo d'Méiglechkeet fir den Detail vum Verlaf vun Ärem Colis ze suivéieren. Dat heescht datt Dir genau de ganze Parcours vun Ärem Colis vum Enregistrement bis zu der Ausliwwerung gesitt.

Wat fir eng Colise si betraff?
All Colis wou e Barre-Code drop ass:

National sinn dat d'Recommandéën an all national Colisen International sinn dat d'Colisen déi am Mode Q'Pack + verschéckt ginn
 
 

Wéi funktionéiert dëse Service?
Déi lëtzebuerger Nummeren hunn ëmmer déi selwecht Struktur nämlech 2 Buschtawen, 9 Zuelen, 2 Buschtawen. Dofir hutt um Site http://www.trackandtrace.lu d'Méiglechkeet Äre Code zu all Moment anzeginn an sou erauszefanne wou Äre Colis drun ass.

Beispill vu Coden:
Recommandé: RR123456789LU
Quality Pack: CP123456789LU

Also:
P&TLuxembourg garantéiert eng total Transparenz an offréiert sou hire Cliente en zousätzleche Beweis fir d'Fiabilitéit a Qualitéit.

Weider Informatiounen?
- op http://www.trackandtrace.lu
- an der Rubrik Post um Internet Site vu P&TLuxembourg (http://www.pt.lu/portal/Postes)