Pack Up


Dachs sidd Dir net doheem an zemools zu deenen Zäite wou Äre Bréifdréier och ënnerwee ass. Natierlech musst Dir dann Är Colisen am nächste Postbüro ewechhuelen. Ma dat gehéiert ab elo der Vergaangenheet un, well mam neie Service Pack Up ass Äre Colis do wou Dir en ewechhuele wëllt.

Pack Up 24/24


De Pack Up 24/24 gëtt Iech elo d'Méiglechkeet fir Är Colisen zu egal wéi enger Zäit, also 24 Stonnen op 24, ofzehuelen. Am Moment kënnt Dir dat op 2 verschiddene Plaze maachen, nämlech op de Postbüroen op der Gare zu Lëtzebuerg an zu Diddeleng.

De Pack Up 24/24 ass eng automatesch Statioun mat Fächer, wou déi verschidde Colisen dra sinn. Mat engem Code deen Dir zougeschéckt kritt kënnt Dir dann Äre Pak siche goen wann et Iech am Beschte passt.

Eng Dozend weider Pack Up 24/24 Statioune ginn an enger éischter Phase iwwert d'ganz Land ageriicht.

Wat ass eigentlech Pack Up?

 

Dir gitt op den Internetsite www.packup.lu, Dir schreift Iech do gratis an andeems Dir Är E-Mail-Adress agitt. Mat dësen Informatioune kritt Dir automatesch eng Clientsnummer attribuéiert.

Duerno sicht Dir Iech déi Pack Up Plaz eraus wou Dir Äre Colis geliwwert wëllt kréien.


Dir kënnt ganz bequem vun egal wou Dir och sidd iwwert e Catalogue oder iwwert den Internet bestellen. Als Liwweradress gitt Dir Är Pack Up Adress un.


Soubal de Colis disponibel ass, gitt Dir entweder per E-Mail oder SMS benochrichtegt.


Fir de Colis ofzehuelen gitt Dir op Är Pack Up Adress, weist Är Carte d'Identité a schonns kënnt Dir mat Ärem Colis heemgoen.


Fir weider Informatiounen iwwert de Service Pack Up gëtt d'Post Iech Rendez-Vous op:

http://www.packup.lu