
Sou einfach wéi Bonjuer!
Ass et d'Léift vun Ärem Liewen, d'Gebuert vun Ärem Kand, de Gebuertsdag vun enger Persoun oder en anere wichtege Moment aus Ärem Liewen ... Soot et einfach mat enger Kaart oder mat engem Timber.
Verschéckt elo Är personnaliséiert Timberen a Postkaarten mam Service meng.post.lu vun der Post a loosst Ärer kreativer Oder fräie Laaf! Probéiert dësen neie Service aus an iwwerrascht domatter Är Familjen a Bekannten.
Äre perséinlechen TimberWéi personnaliséieren ech mäin Timber?
- Gitt op www.meng.post.lu
- Téléchargéiert Är Foto oder Bild (maximal 2,2 MB) oder sicht Iech e Bild aus engem Choix vu Biller deen Iech d'Post proposéiert.
- Setzt Ären Text (maximal 22 Zeechen) dobäi
- Gebraucht e Bord deen Dir selwer definéiert hutt oder een deen Post Iech proposéiert.
- Einfach bezuelen mat VISA oder Mastercard.
Conditiounen
- E Blat vun 8 oder 20 Timberen
- De Präis pro Timber: Den Tarif deen Dir ausgesicht hutt plus 60 Cents fir d'Personalisatioun
- D'Präislëscht kënnt Dir zu all Moment online op meng.post.lu nosichen.
Är perséinlech Postkaart
Wéi personnaliséieren ech meng Postkaart?Gitt op www.meng.post.lu. Sicht Iech Är Foto oder Ärt Bild direkt vum Site aus oder téléchargéiert Är grafesch Elementer direkt iwwert den Internet a loosst Iech Är Postkaart direkt heemschécken (minimal Quantitéit vun 8 Stéck). Wann Dir Är Kaart och direkt verschécke wëllt da gitt Ären Text an, d'Adress an den Datum wéini d'Kaart verschéckt soll ginn
Conditiounen
Wat fir eng Quantitéite musst Dir bestellen:
- iwwert den Internet-Site: 1 Paack vun 8 Postkaarten. De Basispräiss pro Postkaart ouni Timber ass 1.50.- €. Bei enger Bestellung iwwert den Internet-Site hutt Dir d'Méiglechkeet fir Är Postkaart mat dem nationalen Tarif, dem europäeschen Tarif oder fir de Rescht vun der Welt als 50 Gramm Bréif frankéieren zu loossen.
- Natierlech besteet och d'Méiglech fir Är personnaliséiert Postkaart mat engem personnaliséiertem Timber ze verschécken