Äre Courrier ass net verluer...


Wat ass dat dann?


Fir déi Leit déi wëlles hunn ze plënneren, eng länger Zäit fort ze bleiwen oder einfach ze verreesen, ass et méiglech fir hire Courrier weider geschéckt ze kréien oder en am nächste Postbüro versuergen ze loossen.

D'Umeldung fir dëse Service ass vun elo un och online méiglech.


Wéi geet dat dann?
1. Etapp: Maacht Ären Internet Clients-Kont op
Dir musst, fir d'alleréischt, Ären Internet Clients-Kont opmaachen. D'Demarche ass einfach well Dir braucht just e Formulair auszefëllen.
2. Etapp: Dir musst Är Adress authentifizéieren
Mat engem eenzege Klick kritt Dir Äre Code geschéckt. Sou bal dee Code ukomm ass musst Dir dësen an Ärem Internet Clients-Kont aginn. Vun dann un ass Är Adress definitiv validéiert an Dir kënnt mat der Aktivatioun vun deene verschiddene Servicer ufänken.
3. Etapp: De Choix vum Service
Soubal d'Aktivatioun ofgeschloss ass kënnt Dir ouni Weideres Iech duerch déi verschidde Servicer guidéiere loossen.

Opepasst!!!

Fir de gudden Oflaf vun dësem Service ze garantéieren, musst Dir verschidden Delaie respektéieren.

Authentifizéieren vun Ärer Adress: De Courrier mat Ärem Code kritt Dir spéitestens den 3. Schaffdag no der Demande zougeschéckt.

Delai fir de Service ze aktivéieren:
Egal ob e Paiement mat der Kreditkaart oder iwwert de CCP Connect, dauert et 3 Schaffdeeg no dem Datum vun der Demande fir de Service ze aktivéieren.

Et ass och net méiglech fir de Service fir eng aner Persoun oder Entreprise unzefroen.

Wann Dir scho geplënnert sidd, ass d'Aktivatioun vun der Reexpeditioun net méi méiglech, wennt Iech w.e.g. un den nächste Postbüro.

Dëse Service ass nëmme fir déi Leit déi hei zu Lëtzebuerg wunnen.

 

Ech wëll méi gewuer ginn